FAQ

Bestellung

Verschiddenes

Wéi ginn ech Client?

E gratis Benotzerkont kënnt Dir einfach erstellen, andeem Dir riets uewen de Menüpunkt „Registréieren“ auswielt an den Online-Formulaire, deen dann erschéngt; ausfëllt.

Wéi kann ech eng Zesummenaarbecht ufroen (Fournisseuren oder Groussclienten)?

Schéckt eis wgl. eng E-Mail un org@rotyre.com.

Wéi kann ech d’Stammdaten änneren?

Är Clientsdaten an Astellunge fannt Dir ënner dem Menüpunkt „Kontoastellungen“ → „Allgemeng“ am ieweschten Deel vun eisem Webshop.

Vu wou kommen d’Pneuen an d’Felgen, déi ech bestellen?

Mir schaffe mat externe Lageren aus der EU zesummen.

Wéi kann ech Iech kontaktéieren?

Iwwer E-Mail an Telefon kënnt Dir eis erreechen. Benotzt wgl. dofir déi richteg Kontaktdate fir dat jeeweilegt Land.

Muss ech eng Minimalquantitéit bestellen, fir kënne Client ze sinn?

Nee, Dir braucht keng Minimalquantitéit, fir bei eis Client ze ginn.

Wéi eng Bezuelmethode bitt Dir un?

  • Prélèvement bancaire
  • Op Rechnung
  • Kautioun

Bestellung

Wéi kann ech meng Bestellung stornéieren?

Huelt wgl. esou séier ewéi méiglech Kontakt mat eisem Service-Client op. Leider kënne mir Iech awer net garantéieren, datt eng Stornéierung a jidder Fall nach méiglech ass, well verschidde Länner hir Opträg vollautomatiséiert veraarbechten.

Wou fannen ech meng Bestelliwwersiicht?

Är Bestellunge fannt Dir ënner dem Menüpunkt „Beleeger“ → „Bestellung“ am ieweschten Deel vun eisem Webshop.

Wéi kann ech meng Bestellung verfollegen?

Wann d’Pakdate der Bestellung schonn zougedeelt goufen, kënnt Dir dës uklicken an d’Liwwerungsverfollegung vun der Expeditiounsfirma opruffen.

Kann ech d’Liwweradress ännere loossen?

Nodeem Dir den Artikel an Ärem Akafskuerf bestätegt hutt, ass et méiglech, bei Schrëtt 2 vum Bestellvirgang eng aner Liwweradress unzeginn, éier Dir Är Bestellung definitiv ofschléisst.

Eng komplett nei Liwweradress muss beim Service-Client ugefrot ginn.

Sollt d’Bestellung schonn ofgeschloss sinn, went Iech fir Ännerunge wgl. un eise Service-Client.

Hunn ech Versandkäschten op de Bestellungen?

Gratisliwwerung ab 2 Stéck

Eenzelstécker 6,50 € (schwéier Pneuen 20 €)

Motospneue komplett port payé

Bestellung

Après-vente

Wéi ginn ech vir, wann ech meng Bestellung net kritt hunn oder déi falsch/beschiedegt Pneuen oder Felge kréien?

Dir wennt Iech un eise Service après-vente, déi këmmeren sech ëm Är Problemer oder Doleancë bei falscher Liwwerung oder Wuer, déi net ukomm ass.

Bis wéini kann ech Wuer zeréckschécken?

Dir kënnt onbenotzt an net montéiert Wuer bis zu 14 Deeg no der Liwwerung zeréckginn. Kuckt heizou och déi Allgemeng Konditiounen.

Wéi laang gëlle Pneuen als Neiwuer?

Mir verkafe keng Pneuen, déi méi ewéi 3 Joer al sinn. Wann en eeleren DOT sollt geliwwert ginn, mellt Iech wgl. bei eisem Service après-vente.

Wéi laang gëlle Pneuen als Neiwuer?

Mir verkafe keng Pneuen, déi méi ewéi 3 Joer al sinn. Wann en eeleren DOT sollt geliwwert ginn, mellt Iech wgl. bei eisem Service après-vente.

Bestellung

Comptabilitéit

Hutt Dir eng Rechnungsiwwersiicht resp. Bezueliwwersiicht?

Är Rechnungs- resp. Bezueliwwersiicht fannt Dir ënner dem Menüpunkt „Beleeger“ -> „Rechnung / Bong“ resp. „Bezueliwwersiicht “ am ieweschten Deel vun eisem Webshop.

Firwat ass mäi Kont gespaart?

Äre Kont ass gespaart, wann Är Bezuelung zum Fällegkeetsdatum net agaang ass.

Bei weidere Froe kënnt Dir och gär per E-Mail oder Telefon mat eiser Comptabilitéit Kontakt ophuelen.