Mir wëllen, datt Dir mat all eisen Liwwerungen zefridden sidd. Dowéinst kennt Dir all Artikel, deen dir bei eis kaaft hutt, innerhalb vun 14 Deeg zeréck ginn, virausgesat, dës sinn nach net bei iech montéiert oder souguer vun iech oder ärem Client gefuer ginn, oder weisen soss Gebrauchsspuren op. Des Zouso geet iwwer déi gesetzlech Bedingungen eraus, wouno Iech e Widderruff-Rescht nëmmen ënnerhalb vun zwou Wochen nom Erhalen vum Artikel zougesprach gëtt.
De Widderruff ass ze riichten per:
Am Kontext vun Ärer Widderruff-Erklärung bieden mir Iech, eis fräiwëlleg de Grond fir Ären Retour matzedeelen a wäerten all Informatiounen ophuelen, déi fir eng schnell an effizient Beaarbechtung noutwendeg sinn. Fir datt Dir keng Ëmstänn mam Retour hutt, huele mir d'Artikelen bei Iech of an erstellen Iech, de Fall gesat, nom Erhalen vun der Wuer eng Gutschrëft. Dir musst also keng Artikelen un de Verwaltungssëtz op Vöcklabruck schécken (d'Uginn vun der Adress ass gesetzlech virgeschriwwen). Eis Retour-Offer schléisst allerdéngs net d'Transportkäschten mat an. Wann dir den Artikel op eegene Wonsch an net opgrond vun engem Feeler vu Reifenacher zeréck ginn wëllt, dann wäerte mir iech 10% vun der Gesamtzomm a 20€ pro Pak berechnen. W.e.g. benotzt eis Transport Verpakung a schützt den Artikel géint Schied. Pneue mussen a propperem Zoustand fäerdeg fir den Transport gemaach an zu jeeweils zwee Pneuen zesumme gestréckt ginn. (Ausser natierlech Pneuen, déi bei der Liwwerung eenzel verpaakt waren). Séchert w.e.g. ganz besonnesch bei Felgen déi viischt an hënnescht Säit mat genuch Kartong. Bei Schied duerch net Saach-geméiss Benotzung oder schlechter Verpackung beim Retour, halen mir eis vir Ersatz-Uspréch ze froen. D'Transportfirmaen wäerten nëmmen Artikelen mat anstänneger Verpackung unhuelen. Wann dir verweigert d'Wuer unzehuelen, dann berechnen mir Iech 10% vun der Gesamtzomm a 25€ pro Pak berechnen. Bei enger Liwwerung mat Palett (z.B. Camion Pneuen, grouss Offroad Pneuen asw.) ass d'Wuer grondsätzlech vun all Retour ausgeschloss.